Agencekommissioun
D'Agencekommissioun ass d'Remuneratioun vum Immobiliëmakler, wann e Verkaf oder eng Locatioun duerch seng Aarbecht zustane kënnt.
Bei engem Verkaf gëtt se am Mandat festgeluecht, meeschtens als Prozentsaz vum Präis, a si ass eréischt bei der Ënnerschrëft vum Akt fälleg. Bei enger Locatioun reegelt d'Gesetz elo, wéi se tëscht Verlouner a Locataire opgedeelt gëtt.
D'TVA kënnt derbäi. De Betrag a wien en bezilt, musse virun all Engagement kloer gesot ginn.