Bëllegen Akt
De Bëllegen Akt ass e Steierkredit, deen d'Registréierungs- an Transkriptiounsdroiten beim Kaf vun der Haaptresidenz zu Lëtzebuerg reduzéiert oder ganz ophieft.
E gëtt Privatpersoune gewäert, déi eng Wunneng oder en Haus kafen, fir selwer do ze wunnen. All Keefer huet säin eegene Plafong, deen hien a sengem Liewen op eemol oder a méi Etappe benotze kann: E Koppel, dat zesumme keeft, kombinéiert also zwee Kreditter. Den Notaire applizéiert en direkt am Akt, op Ufro vum Keefer.
An der Géigeleeschtung verflicht de Keefer sech, d'Wunneng bannent enger bestëmmter Frist ze bezéien an eng Mindestzäit do ze bleiwen. Ginn dës Konditiounen net agehalen, kann d'Verwaltung de Virdeel zréckfuerderen.